Fir Parquet, Buedembeleeg, Décoration d’Intérieur a Moustiquairen

📍 Ehlerange | 🕒 30-40 Stonnen/Woch | 📄 CDI

Erkenns du dech hei erëm?

  • Du hues Freed um Kontakt mat Mënschen a schaffs gär mat Clienten, Fournisseuren a Kolleegen.
  • Du bass oppe, kommunikativ an hues eng positiv Ausstralung.
  • Du hues e Gespier fir Faarwen, Materialie, Bannenariichtung an Design.
  • Du schaffs gär am Team, kanns awer och selbststänneg schaffen.
  • Du hues Iddien, stells Saachen och mol a Fro a dréis aktiv zu Verbesserunge bäi.
  • Du sichs eng Aarbechtsplaz, wou deng Work-Life-Balance respektéiert gëtt.
  • Du schaffs gär mat héichwäertege Produiten a wëlls Clientë begeeschteren.
  • Du bass flexibel a bereet, do mat unzepaken, wou et grad néideg ass.

 

👉 Da bass DU bei eis genee richteg! 👈

 

de Buedemleër ass

ass e moderne Familljebetrib an zweeter Generatioun. Mat engem motivéierten Team, héichwäertege Produiten an enger staarker Teamkultur schafe mir all Dag schéi Wunnräim fir eis Clienten.

Deng Aufgaben

Clienten empfänken a beroden

  • Du empfänks Clienten, Fournisseuren a Visiteuren an eiser Expo, um Telefon oder per E-Mail op eng frëndlech a professionell Aart.
  • Du lauschters op d'Besoine vun eise Clienten a verstees hir Erwaardungen.
  • Du schléis passend Produiten a Léisunge vir, mam Support vun eiser technescher Equipe.
  • Du léiers eis ganz Produktpalette kennen a bass Expert an all eisen Domainen (duerch Interne Formatioun)

Fournisseuren a Materialbestellungen

  • Du bestells Material a stëmms d'Disponibilitéit mam Chantiersplang of.
  • Du empfänks d'Representanten an eiser Expo an entdecks nei Kollektiounen a Produiten.

Offerten a Facturatioun

  • Du erstells detailléiert an realistesch Offerten an Zesummenaarbecht mam Techniker.
  • Du garantéiers eng flësseg Kommunikatioun mam Client, Architekten an eisen interne Servicer.
  • Du mëss de Suivi vun den Offerten a beäntwers de Clienten hir Froen.
  • Du preparéiers d‘Rechnungen a schaffs enk mam Service Administrativ zesummen.

Weiderentwécklung

  • Du dréis aktiv zur Verbesserung vun eise Prozesser bäi a setz Verbesserungsvirschléi ëm.

Deng Kompetenzen

Dat bréngs du mat

  • Du bass oppe, kommunikativ a fills dech wuel am Ëmgang mat Mënschen.
  • Du hues op d'mannst 3 Joer Beruffserfarung am Verkaf, an der Berodung oder an enger änlecher Funktioun.
  • Du schwätz gutt Lëtzebuergesch (mindestens Niveau B1), Franséisch, Däitsch an Englesch.
  • Du beherrschs déi üblech Informatik-Programmer (Outlook, Word an Excel).
  • Du bass organiséiert, reaktiv, positiv agestallt a schaffs gär am Team.

Dat ass e Plus

  • Weider Sproochkenntnisser.
  • Erfarung am Beräich Innenarchitektur, Dekoratioun oder Handwierk.
  • Odoo oder Programmer am Beräich Innen-Design.
Equipe 2020.07

Mir bidden

Entwécklung a Weiderbildung

  • Du gesäis den direkten Impakt vun denger Aarbecht: zefridde Clienten a gelongen Interieuren.
  • Eng Direktioun, déi no bei de Mataarbechter ass an oppen ass fir nei Iddien.
  • E strukturéiert Joresgespréich (ECAUD), fir deng Entwécklung aktiv ze begleeden.
  • Eng ëmfaassend Aféierung an eis Produiten, Chantieren an intern Aarbechtsmethoden.

Team a Stëmmung

  • E jonkt an dynamescht Team mat enger familiärer Atmosphär.
  • Reegelméisseg Team-Eventer: After-Works, Summerfest a Chrëschtfeier.
  • Eng Kultur, wou Feeler net bestrooft ginn, mee als Chance gesi ginn, wou d‘ganz Ekipp kann draus léieren.
  • Reegelméisseg Formatiounen (Produiten, 5S, Éischt Hëllef, intern Software, asw.).

Modern Aarbechtsëmfeld

  • Ergonomesch a modern Büroe mat héichteverstellbare Schreifdëscher, Duebel-Ecranen an aktueller Informatik.
  • Eng equipéiert Kichen fir Mëttespausen.

Flexibilitéit a Work-Life-Balance

  • Flexibel Aarbechtszäiten (30 bis 40 Stonnen/Woch), virun allem nomëttes a samschdes vun 10:00 bis 13:00 Auer.
  • 26 Congésdeeg plus däi Gebuertsdag als zousätzleche Fräidag.
  • Extra Congé no Anciennetéit (+0,5 Dag all 5 Joer).
  • Eng Direktioun, déi op deng perséinlech Situatioun Récksiicht hëlt.

Unerkennung a Konditiounen

  • CDI mat 6 Méint Proufzäit.
  • Verschidde Gratifikatiounen (Präsenz, Performance).
  • Personal-Parking.
  • Méiglechkeet op Teletravail

Intresséiert?

Schéck däin CV an däi Motivatiounsschreiwes op Lëtzebuergesch un: 

rh@d-b.lu   |  de Buedemleër – RH 13, ZARE Ouest L-4384 EHRLERANGE
 

signature contrat